Muttergotteskapell Iechternach

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

 

Muttergotteskapell zu Iechternach
Muttergotteskapell Iechternach
Uertschaft Iechternach
Par Iechternach
Numm Notre-Dame des Douleurs
Konsekratiounsjoer  1658 (14. August)
Parverband Iechternach
'Architekt(en) '
Reliéis Gebaier

1654 gouf op Wonsch vum Abt Petrus Fisch vun der Iechternacher Abtei eng Kapell zu Éiere vun der Schmerzensmuttergottes gebaut an de 14. August 1658 geweit. Et ass dervun auszegoen, d'Ureegung fir dese Bau vum Jesuitepater Jacques Brocquart ausgaangen ass, dee 1625-1627 virun de Mauere vun der Festungsstad Lëtzebuerg - op dem Glacis - eng Mariekapell gebaut an domatt der Muttergottesveréierung zu Lëtzebuerg en neien Opdriff gin huet.

Un der Fassad steet eng monumental Muttergottesstatu. Am Banneraum (spéitgotesche Stil) gesäit een en barocken Héichaltor mat enger Pietà. D'Reliefer op de Säite weisen eng Kräizegungszeen an Schutzengelen.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Uergel

Uergel
Vergréisseren
Uergel

An der Muttergotteskapell steet eng kleng historesch, eemanualeg Uergel, déi e regelrechte Bijou ass. 1993 gouf se vum Lëtzebuerger Uergelbauer Jean Siweck restauréiert. Zënterhir steet se net méi um Duxall, mee lénks am Chouerraum. Bis viru kuerzem war just gewosst, dass se 1845 vum Kinnek-Groussherzog Wëllem II. gestëft gi war. Bis dohi stoung se am Walfer Schlass, der Summerresidenz vum Kinnek.

D'Uergel huet folgend Dispositioun:

  • Bass (lénks): Holpijpe 8', Fluit 4', Quint (B/D) 3', Salicionaal 2', Forte
  • Diskant (rechts: Holpijpe 8', Viola 8', Prestant 4', Fluit 4', Octaaf 2'
  • Manualempfang: C-f3, mechanesch Spill- a Regestertraktur

Trotz etleche Recherchë war et bis elo net méiglech, de Konstukteur vun der Uergel eendeiteg ze ermëttelen. Bannendra sti verschidden Nimm. Waarscheinlech gouf d'Gehais vun enger Firma Müller aus Limburg gebaut, deen am Déngscht vun der hollännescher Firma J. Bätz & Co. - deem Uergelbauer, dee fir d'hollänneschet Kinnekshaus geschafft huet - stoung. Dofir gët si och "Oranier-Uergel" genannt. Vun deem Typ gin et der nëmme 5 op der ganzer Welt.

[Änneren] Literatur

  • Norbert Thill, Orgeln und Orgelbau in Luxemburg, Ed. Borschette, Larochette 1993, 177-182.
  • Wegführer zu luxemburgischen Kirchen und Kapellen, Office national du tourisme, 1995

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck