Muse (Mythologie)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

An der griichescher Mythologie woren d'Musen (gr. Μουσαι) déi néng Gëttinne vun der Konscht an der Wëssenschaft.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Dräi Musen - Néng Musen

Nom Hesiod senger Theogonie woren sie d'Duechteren vum Zeus an der Mnemosyne, der Gëttin vum Gediechtnes. Hie wor et och, deen Zuel vun de Musen op néng erhéicht huet. An der Illias an an der Odyssee vum Homer gëtt einfach eng Muse ouni Numm ugebiet. Kuerz drop goufen et dräi Musen: d'Melete (Nodenken), d'Mneme (Gediechtnes) an d'Aoede (Gesang a Musek). Hautdesdaags sinn et dem Hesiod seng neng Musen déi een am Kapp huet, wa vun hinne riets geet:

[Änneren] Geographie

Mee net nëmme bei den Nimm oder der Unzuel ginn d'Sourcen auserneen, och wou dës Musen ze fannen sinn, ass vun Auteur zu Auteur ënnerschiddlech.

Déi Musen déi zum Apollo gehéieren sollen um Bierg Helikon bei der Quell Hippokrene wunnen, déi duerch de Pegasus fräigeluecht gouf. Aner Quelle behaapten, d'Musen wiren um Bierg Parnass ze fannen. Dëse Bierg ass dem Apollo geweiht.

[Änneren] Kult

Wéi den Pythagoras zu Kroton ukomm ass, wor säin éischte Rot un d'Awunner, e Schräin fir d'Musen ze bauen, fir d'Harmonie an d'Léieren ze fërderen.

Lokal Musekulter woren dacks mat Quellen assoziéiert.

Speziell an Böotien woren d'Musen extrem beléift, an zu Delphi. D'Bibliothéik vun Alexandria gouf ronderëm e Museschrein, mousaion - Museum, opgebaut.

[Änneren] Um Spaweck