José Carreras
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Josep Carreras i Coll, bekannt als José Carreras (spuenesch) (* 5. Dezember 1946 zu Barcelona) ass e spueneschen Tenor. Hien gehéiert nirwent dem Domingo an Pavarotti (an der Tëschenzäit verscheet) zu den Dräi Tenören.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
De Carreras huet vir t'éischt Chimie studéiert, ass dunn awer 1963 zum Gesangsstudium beim Jaime Francisco Puigi um Conservatoire vu Barcelona iwwergewiesselt. Seng Débuten huet hien 1970 am Liceo, dem Opernhaus vu senger Heemechtdtad, am Verdi senger Oper Nabucco gemeet. 1971 huet hien de Verdi-Concours zu Busseto gewonn; duerop gouf hien vun der Madrider Oper engagéiert an ass fir t´éischt mam Montserrat Caballé zu London am Donizetti senger Oper Maria Stuarda opgetratt.
Vun 1972 un koum hien am Laf vu sengen Tourneeën an d'New York City Opera, den Teatro Colón zu Buenos Aires, d'Oper vu Chicago, d'Metropolitan Opera, d'Royal Opera House, d'Wiener Staatsoper an och den Scala (1972). No sengem internationalen Duerchbroch als lyrischen Tenor krouch hien Invitatiounen aus Salzburg, Hamburg, München, Bréissel, San Francisco, London an anere Stied.
1987, um Héichpunkt vu senger Carrière, huet de Carreras eng akut lymphatesch Leukämie kritt. Géint d'kritesch Prognose vu sengen Dokteren konnt hien, no enger Knachenmuerch-Transplantatioun duerch den Nobelpräisdréier Edward Donnall Thomas zu Seattle, an no enger intensiver Behandlung, déi ee Jor gedauert huet, seng Krankheet iwwerwannen a seng Gesangcarrière rëm ophuelen. Aus Dankbarkeet fir déi medizinesch Hëllef huet hien 1988 d'Fundación Internacional José Carreras para la lucha contra la leucemia (International Stëftung José Carreras fir d'Bekämpfung vun der Leukämie mat Haaptsëtz zu Barcelona gegrénnt. D'Stëftung ënnerstëtzt zënterhir d' Leukämiefuerschung. Vun 1995 un ass de José Carreras an dësem Sënn och iwwert seng Deutsche José Carreras Leukämie-Stiftung e.V. an Däitschland aktiv. Hir Benefizgalaën, déi vun der ARD-Télévsioun iwwerdroe ginn, sinn iwwer Däitschand raus bekannt. Am Cader vu der Futtball-Weltmeeschterschaft 1990 huet sech, zesummen mam Plácido Domingo a Luciano Pavarotti, den Trio Dräi Tenören forméiert, déi och ettlech CDen enregistréiert hunn.
Zënter 2006 ass de Carreras fir d'zweet bestuedt. Aus sengem éischten Bestiedness huet hien e Fils an eng Duechter.
[Änneren] Répertoire an Interprétatiounen
- 1970, Barcelona : Flavio, an der Norma, vum Vincenzo Bellini
- 1970, Barcelona : Gennaro, an Lucrezia Borgia, vum Gaetano Donizetti
- 1970, Barcelona : Ismaele, an Nabucco, vum Giuseppe Verdi
- 1971, Barcelona : Siebel, am Faust, vum Charles Gounod
- 1971, London : Roberto Conte di Leicester, an Maria Stuarda, vum Gaetano Donizetti
- 1971, Madrid : an Maruxa, vum Amadeo Vives
- 1971, Minorca : Edgardo di Ravenswood, an Lucia di Lammermoor, vum Gaetano Donizetti
- 1971, Paräis : Oronte, an I Lombardi, vum Giuseppe Verdi
- 1971, Prague : Alfredo Germont, an La Traviata, vum Giuseppe Verdi
- 1971; Teneriffe : Il Duca di Mantova, an Rigoletto, vum Giuseppe Verdi
- 1972, Barcelona : Maurizio, an Adriana Lecouvreur, vum Francesco Cilèa
- 1972, Barcelona : an El Giravolt, vum Eduardo Toldrá
- 1972, Barcelona : Rodolfo, an Luisa Miller, vum Giuseppe Verdi
- 1972, London : Faust, am Mefistofele, vum Arrigo Boito
- 1972, London : Gerardo, an Caterina Cornaro, vum Gaetano Donizetti
- 1972, New York : Oronte, an I Lombardi, vum Giuseppe Verdi
- 1972, New York : Pinkerton, an Madame Butterfly, vum Giacomo Puccini
- 1972, Alice Tully Hall, New York : Chevalier Giocondo, an La Pietra del Paragone, vum Gioacchino Rossini
- 1972, Parma : Rodolfo, an La Bohème, vum Giacomo Puccini
- 1972, Parma : Riccardo, an Un ballo in maschera, vum Giuseppe Verdi
- 1972, Toulouse : Don Carlos, am Don Carlos, vum Giuseppe Verdi
- 1973, Marseille : Nemorino, an L'Elisir d'amore, vum Gaetano Donizetti
- 1973, Metropolitan Opera, New York : Mario Cavaradossi, an Tosca, vum Giacomo Puccini
- 1973, Turin : Orombello, an Beatrice di Tenda, vum Vincenzo Bellini
- 1974, Berlin : Viscardo di Benvento, dans Il Giuramento, de Saverio Mercadante
- 1974, London’s Royal Opera House, Londres : Alfredo Germont, an La Traviata, vum Giuseppe Verdi
- 1974, Turin : an der Messe de Requiem, vum Giuseppe Verdi
- 1975, La Scala, Mailand : Riccardo, an Un ballo in maschera, vum Giuseppe Verdi
- 1975, Turin : Gaston, an Jérusalem, vum Giuseppe Verdi
- 1977, Aix-en-Provence : Roberto Devereux, an Roberto Devereux, vum Gaetano Donizetti
- 1977, Mailand : Don Carlo, an Don Carlos, vum Giuseppe Verdi
- 1978, Hamburg : E Sänger, an Der Rosenkavalier, vum Richard Strauss
- 1978, Mailand : Don Alvaro, an La Forza del Destino vum Giuseppe Verdi
- 1978, San Francisco : Werther, an Werther, vum Jules Massenet
- 1979, Barcelona : André Chénier, an Andrea Chénier, vum Umberto Giordano
- 1979, Genève : Enzo Grimaldo, an La Gioconda, vum Amilcare Ponchielli
- 1979, Salzburg : Radamès, an Aïda, vum Giuseppe Verdi
- 1981, Wien : Éléazar, an La Juive, vum Jacques Halévy
- 1982, Madrid : Don José, an Carmen, vum Georges Bizet
- 1983, Barcelona : Roméo, an Roméo et Juliette, vum Charles Gounod
- 1983, Barcelona : Jean, an Hérodiade, vum Jules Massenet
- 1983, London : Manrico, an Il Trovatore, vum Giuseppe Verdi
- 1983, Wien : Calaf, an Turandot, vum Giacomo Puccini
- 1984, Wien : Gabriele Adorno, an Simon Boccanegra, vum Giuseppe Verdi
- 1986, Madrid : Canio, dans Il Pagliacci, de Ruggiero Leoncavallo
- 1986, Wien : Poliuto, an Poliuto, vum Gaetano Donizetti
- 1989, Barcelona : Cristobal, an Cristobal Colon, vum Leonardo Balada
- 1989, Merida : Giasone, an Medea, vum Luigi Cherubini
- 1990, Peralada : Samson, an Samson et Dalila, vum Camille Saint-Saëns
- 1992, Zurich : Il Conte Loris Ipanoff, an Fedora, vum Umberto Giordano
- 1993, London : Stiffelio, an Stiffelio, vum Giuseppe Verdi
- 1998, Zurich : Sly, an Sly, vum Ermanno Wolf-Ferrari
Dës Lëscht ass nët vollstänneg.