Wiktionnaire
lbwiktionary
https://lb.wiktionary.org/wiki/Wiktionnaire:Haapts%C3%A4it
MediaWiki 1.47.0-wmf.7
case-sensitive
Media
Spezial
Diskussioun
Benotzer
Benotzer Diskussioun
Wiktionnaire
Wiktionnaire Diskussioun
Fichier
Fichier Diskussioun
MediaWiki
MediaWiki Diskussioun
Schabloun
Schabloun Diskussioun
Hëllef
Hëllef Diskussioun
Kategorie
Kategorie Diskussioun
Annexen
Annexen Diskussioun
TimedText
TimedText talk
Modul
Modul Diskussioun
Veranstaltung
Veranstaltung Diskussion
Eifeler Reegel
0
2559
131488
130047
2026-06-20T19:55:49Z
InternetArchiveBot
2866
Rescuing 1 sources and tagging 0 as dead.) #IABot (v2.0.9.5
131488
wikitext
text/x-wiki
Ob am [[Lëtzebuergesch]]en de Konsonant '''n''' um Enn vun engem Wuert (oder am Silbegelenk vun zesummegesatene Wierder) ausgeschwat/geschriwwe gëtt, hänkt dovunner of, mat wéi engem Konsonant dat Wuert duerno ufänkt.
Déi komplex phonologesch Reegel, déi dofir responsabel ass, gëtt '''Eifeler Reegel''' oder '''Äifler Reegel''' genannt; aner Bezeechnunge fir dëse Phenomen sinn ''n-Tilgung'', ''mobile-n'', ''n-mobile'', oder ''mobile-n deletion''. Et handelt sech dobäi ëm eng sougenannt Sandhi-Reegel, wouduerch de phonologesche Kontakt tëschent zwee Wierder gereegelt gëtt.
An enger staark vereinfachter Form kann ee soen: 'En /'''n'''/ um Enn vum Wuert gëtt ewechgelooss, wann dat Wuert dono net mat engem Vokal oder de Konsonanten / h, d, dsch, t, ts (och: z), tsch/ (= all glottal an alveolar Konsonanten) oder n ufänkt oder direkt dono e Sazzeeche kënnt (z. B. Komma, Punkt, Klamer, etc.).'
Beispiller, bei deenen den '''n''' ewechgelooss gëtt:
{|
| Wa mer do sinn || || an net:|| Wann mer do sinn
|-
|De 4. Mee || || an net: ||Den 4. Mee
|-
|Dammeschong|| || an net: ||Dammenschong
|-
|De Wäi gëtt gutt || || an net: || De Wäin gëtt gutt
|}
Beispiller, bei deenen den '''n''' ëmmer stoe bleift:
*Bei alle Wierder déi mat de Vokalen '''i, u, e, o, a''' ufänken:
**''den Ierger'', ''den Uwe'', ''den Eemer'', ''den Owend'', ''den Af''
*Bei Wierder déi mat engem '''y''' ufänken, wann no dem '''y''' e Konsonant steet:
**''den Yves'', ''den Yvon'', ''vun Ypres''
*Bei Wierder déi mat de Konsonanten '''n''', '''d''', '''t''', '''z''', '''h''' ufänken:
**''den Nol'', ''deen Daag'', ''en Tuerm'', ''keen Zement'', ''däin Haus'',
*Virun de Wierder '''si''', '''se''', '''sech''', '''säin''', '''seng''', a '''sou''' ass den '''n''' fakultativ:
**Muer komme('''n''') seng Kanner, ech si('''nn''') sou midd.
*Virun all Sazzeechen bleift den '''n''' stoen:
**Dat ass schéi'''n''', mä et ass deier.
**Si koume'''n''' (wéi ëmmer) ze spéit.
**Do kanns de nëmme'''n''' “ ''mon oeil'' ” soen.
*Um Enn vun Eegennimm:
**Den Här Neye'''n''' kënnt.
**Zu Lëntge'''n''' reent et.
**Um Amberknäppche'''n''' wiesst Hammbier.
**An Italie'''n''' gëtt et kal.
'''Beispiller, bei deenen den /n/ ewechfällt'''
''de_ Gorilla'', ''Fritte_fett'', ''a_maachen''
'''Speziell Fäll''', bei deenen den /n/ d'Resultat oder de Rescht vun engem nasale Schwénglaut ass
* Wierder, déi op ''-ioun'' ophalen, verléieren ni den /n/ (''Organisatiou'''n''' maachen'', net: ''Organisatiou_ maachen'').
* Wierder, déi op ''-nn'' ophalen (just mat laang ausgeschwatenem /n/, mee net ''sinn'', ''hunn'', etc.) verléiren ni den /n/ (''dën'''n''' maachen'', net: ''dë_ maachen'').
* Wierder, déi op ''-n'' ophalen (just mat laang ausgeschwatenem /n/) verléieren ni den /n/ (''Roma'''n''' liesen'', net: ''Roma_ liesen'').
* Wierder, déi op ''-in'' ophalen (just fir déi weiblech Form vu Beruffer/Persounebezeechnungen) verléiren ni den /n/ (''d'Professori'''n''' froen'', net: ''d'Professori_ froen'').
Dacks schreiwe linguistesch Studien, datt den /n/ virun engem /n/ '''net''' ausgeschwat gëtt. Der 1999er Schreifweis no gëtt deen <n> an dëse Fäll trotzdeem geschriwwen (''<den Numm>''), mä phoneetesch gesinn ass do keen (''[de Numm]'').
=== Fir ze liesen ===
* [[Peter Gilles|Gilles, Peter]] (2006): "[http://engelmann.uni.lu/bibliolux/download.php?download=292.pdf Phonologie der n-Tilgung im Moselfränkischen ('Eifler Regel'). Ein Beitrag zur dialektologischen Prosodieforschung.]" In: [[Claudine Moulin|Moulin, Claudine]] / Nübling, Damaris (Hgg.): ''Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik. Studien zur Diachronie und Synchronie.'' Heidelberg: Winter. 29-68.
* Krummes, Cédric (2006): "'Sinn si' or 'Si si'? Mobile-'n' Deletion in Luxembourgish." In: Scott, Alan (Ed.): ''Papers in Linguistics from the University of Manchester : Proceedings of the 15th Postgraduate Conference in Linguistics, 3rd March 2006.'' Manchester : University - School of Languages, Linguistics and Cultures. [https://web.archive.org/web/20130212162702/http://aleph.etat.lu/ Cote LB 55442]
* [[Henri Muller|Muller, Henri]] (2010): ''De finalen N.'' In: Lëtzebuerger Journal 2010, Nr. 10 (15. Januar): 7. [https://web.archive.org/web/20140501230739/http://massard.info/pdf/finalen_n.pdf]
* [[François Schanen|Schanen, François]] / [[Jacqui Zimmer|Zimmer, Jacqui]] (2006): ''1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire, Band 3: L'orthographe.'' Esch-sur-Alzette: Schortgen éditions. Chapitre 8. 86-90.
=== Fir ze lauschteren ===
* [[Jérôme Lulling|Lulling, Jérôme]] (2008): Videoclip mat Beispiller op [http://uk.youtube.com/watch?v=DZXBpLj9E2Y Bonjour.lu]
== Kuckt och ==
* [[Linguistesch Symboler an Ofkierzungen]]
* [[Lëtzebuergesch]]
* [[Linguistik]]
* [[:w:nl:Eifeler regel]]
== Referenzen ==
{{wikipedia lb}}
[[Kategorie:Lëtzebuergesch| ]]
3yq4ssrcdyeqvt2vokex7k35r4fdcsy