Gustav Simon

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Gustav Simon (* 2. August 1900 zu Malstatt-Burbach (Krees Saarbrécken); † 21. Dezember 1945 zu Lëtzebuerg) war als NSDAP-Gauleiter "Moselland" zu gläicher Zäit de Chef der Zivilverwaltung (CdZ) vun 1940 bis 1944 zu Lëtzebuerg, wat déi Zäit vun Nazi-Däitschland besat war.


Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Seng Originnen, Ausbildung a berufflech Aktivitéit

Gustav Simon
Vergréisseren
Gustav Simon

Dem Gustav Simon säi Papp war Eisebunnsbeamten, seng Eltere ware vu klenge Baueren hier aus dem Hunsrück. De Simon ass zu Saarbrécken an d’Primärschoul gaangen an duerno huet hien zu Merzig fir Schoulmeeschter geléiert. Mee, obschonns hien den Diplom hat, gouf hien net ernannt. Dunn huet en decidéiert, fir säi Premièresexamen nozemaachen. An deeër Zäit huet e bei der Eisebunn a bei der Douane ausgehollef. No senger Première huet hien op der Universitéit zu Frankfurt am Main Economie gemaach. 1927 krut hie säin Diplom als Economieprofesser an huet zu Völklingen geschafft. D’Joer drop huet en opgehal mat Schoul halen an huet ugefaang haaptberufflech fir d'NSDAP ze schaffen.

[Änneren] NSDAP

Schonn 1923 war de Simon am Comité vun enger "Völkischen Hochschulgruppe" zu Frankfurt. De 14. August 1925 gouf hie Member vun der NSDAP. Esou war hien ee vun den "Alten Kämpfer", deem dat "Gëllent Parteiofzeechen" zougestanen huet. Kuerz drop huet en d’“Hochschulgruppe Frankfurt“ vum Nationalsozialistischen Deutschen Studentenbund gegrënnt. 1927 gouf de Simon op der Uni Frankfurt mat Majoritéit vun de Studenten als éischten nationalsozialistesche President vum Allgemeinen Studenten-Ausschuss (AStA) gewielt.

Schonns während sengem Studium war hie ganz aktiv fir d’NSDAP, an en huet am Hunsrück eng Partie vun Ortsgruppe gegrënnt.

Vun 1929 un ass et séier eropgaang an der Parteihierarchie: De Simon war kuerz hannerenee "Bezirkleiter" vun der NSDAP, Conseiller zu Koblenz an Deputéierten am "Rheinischen Provinziallandtag". 1930 gouf hie fir de "Wahlkreis Koblenz-Trier" Deputéierten am Reichstag. Den 1. Juni 1931 gouf de Simon vum Hitler zum Gauleiter vum neigeschafene Gau Koblenz-Trier ernannt. Am Géigesaz zu bal alle Gauleitere war de Simon net Member vun der SA oder vun der SS, mee hie war Obergruppenführer vum "NSKK", dem Nationalsozialistischen Kraftfahrerkorps.

[Änneren] De Simon a Lëtzebuerg

No dem Iwwerfall den 10. Mee 1940 stoung Lëtzebuerg emol als éischt ënnert der Militärverwaltung vum däitsche Militärbefehlshaber von Belgien und Nordfrankreich, dem Generol Alexander von Falkenhausen.

Dës Phas vun der Okkupatioun war den 2. August 1940 eriwwer, wéi den Hitler duerch en Arrêté de Gustav Simon zum Chef der Zivilverwaltung nominéiert huet. Als säi Vertrieder an dëser Funktioun hat hien de Regierungspresident vun Tréier, den Heinrich Siekmeier. Hinnen hir Aufgab war, déi ganz Statsadministratioun vum Groussherzogtum an eng däitsch emzeänneren, a Lëtzebuerg zu engem Bestanddeel vum Däitsche Räich ze maachen.

[Änneren] Den Doud vum Gustav Simon

Gefälschten Doudeschäin vum Gustav Simon
Vergréisseren
Gefälschten Doudeschäin vum Gustav Simon

Bei Krichsenn as de Simon ënner dem Meederchesnumm vu senger Mamm am westfäleschen Upsprunge ënnergedaucht, wou hie sech als Gäertner verdingt huet. Den 10. Dezember 1945 gouf hien do vun engleschen Zaldote festgeholl a mat an de Prisong op Paderborn geholl.

Iwwer dem Simon säin Doud gouf a gëtt et zu Lëtzebuerg an an Däitschland zënter Enn 1945 vill widderspréchlech Rumeuren. Bei de Widderspréch geet et virun Allem dorëm, wou e gestuerwen ass an ënner watfir Ëmstänn.

Am Kär geet et eigentlech ëm zwou Versiounen: déi offiziell Versioun nennt als Plaz vum Doud Paderborn (cf. Doudeschäin vum État civil vu Paderborn, Bild op dëser Säit). De Simon soll sech do, am vun der englescher Arméi geleete Prisong, kuerz viru senger Ausliwwerung op Lëtzebuerg erhaangen hunn. Wat op deem Dokument opfällt, dat ass, datt d'Registréiernummer 66/1946 eréischt am Februar 1946, also sou zwee Méint no dem Doudesdatum, agedroe gouf.

Déi zweet, bis haut inoffiziell Versioun geet dovun aus, datt de Simon zu Lëtzebuerg gestuerwen ass. Nodeems déi englesch Besatzungsadministratioun hiren Accord ginn hat, fir de Simon auszeliwweren, sollt hie vun zwee Lëtzebuerger mat engem Auto vu Paderborn op Lëtzebuerg bruecht ginn, fir sech do viru Geriicht ze veräntwerten. Kuerz virun der Stad koum et beim Waldhaff zu engem vum Simon provozéierten Tëschefall, bei deem hie soll embruecht gi sinn.

Dem Simon seng Läich gouf am Prisong am Gronn ofgeliwwert, an do e puermol vun der Press fotographéiert ier se begruewe gouf.

Dem Simon säi virzäitegen Doud huet de geplangte Prozess verhënnert. Fir déi onerwaarten Affär ze vertuschen, goufen d'Medien (ënner aneren d’Agence DANA (Deutsch-Amerikanische Nachrichtenagentur an d'Tageblatt) vun dem britesche Captain Alexander mat gestallten Informatiounen iwwer de Selbstmord zu Paderborn versuergt.

[Änneren] Literatur

Gustav Simon
Vergréisseren
Gustav Simon
  • Dostert, Paul: Luxemburg zwischen Selbstbehauptung und nationaler Selbstaufgabe. Die deutsche Besatzungspolitik und die Volksdeutsche Bewegung 1940-1945. Diss. Freiburg, Luxembourg 1985.
  • Schneider, Volker: Gauleiter Gustav Simon, der "Moselgau" und das ehemaligen SS-Sonderlager/KZ Hinzert. In: Hans-Georg Meyer/Hans Berkessel (Hg.): Die Zeit des Nationalsozialismus in Rheinland-Pfalz. Für die Aussenwelt seid ihr tot. Hermann Schmidt, Mainz 2000, Bd. 2, S. 276-307, ISBN 3874394549.
  • Spang, Paul: Gustav Simons Ende. In: Heemecht. Zeitschrift für Luxemburger Geschichte. Revue d'histoire luxembourgeoise 44 (1992) 3, S. 303-317.
  • Kienast, E. (Hg.): Der Grossdeutsche Reichstag. IV. Wahlperiode, Beginn am 10. April 1938, verlängert bis zum 30. Januar 1947. Berlin 1943.
  • Arndt, Ino: Luxemburg. In: Wolfgang Benz (Hg.): Dimension des Völkermords. Die Zahl der jüdischen Opfer des Nationalsozialismus. Quellen und Darstellungen zur Zeitgeschichte, herausgegeben vom Institut für Zeitgeschichte, Band 33, R. Oldenbourg Verlag, München 1991, S. 95-104, ISBN 3486546317.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Aner Sproochen